Déi leschte Kéier huet de Jean Portante eis erzielt, wéi, am 2. Duell vun der “Iliad”, den Trojaner Hektor d’Griichen erausgefuerdert huet. Hie wier bereet, wann dat dem Krich en Enn setze géif, géint ee vun hiren Helden ze kämpfen. D’Lager vum Gewënner géif d’Helena kréien, dem Menelaos seng Fra, déi vum Pâris op Troja entféiert gi war. Am Ufank wollt kee vun de Griichen d’Erausfuerderung unhuelen. Et ass schliisslech den Ajax, deen untrëtt. Mee firwat huet dee gréissten Held vun de Griichen, den Achilles, sech net gemellt?
arrow_back_ios
Mythologesches
Mythologesch Dueller: Wou ass den Achilles?
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min