D’”Iliad” hält mam Doud vum Hektor op. A wéi engen Ëmstänn den Achilles stierft, gëtt eis awer nëmmen ugedeit. An et muss een aner Texter, déi zur selwechter Zäit geschriwwe goufen, erbäizéien, fir, ënner de verschiddene Versiounen, déi bekanntst erauszepicken: déi vum vergëfte Feil vum Pâris, deen den Achilles un der Feescht déidlech blesséiert. De Jean Portante bleift nach eng Kéier kuerz bei der “Iliad” stoen, éier hie bei déi Auteure wulle geet, déi den Achilles-Mythos verlängert a vervollstännegt hunn.
arrow_back_ios
Mythologesches
Dem Pâris säi vergëfte Feil
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min