Mythologesches
D’Kassandra an der Literatur
11 min
Datt de Kassandra-Mythos, wéi de Jean Portante en Iech, déi leschte Kéier, erzielt huet, am Laf vun der Zäit net un Aktualitéit verluer huet, dovu sinn Dosende vu Schrëftsteller an Dichter Zeien, déi, an der Antik ugefaangen, a bis haut nach, en an hire Wierker iwwerholl hunn.
Wéi si d’Kassandra-Thematik verschafft hunn, ass d’Theema vun e puer Episode vu Mythologesches. Ee vun de provisoresch leschten Auteuren, bei deenen d’Kassandra virkënnt, ass den amerikanesche Romancier Paul Auster. Hien goung vun engem manner bekannte, mee wichtege, griicheschen Dichter, dem Lykophron, aus …
Episoden
D’Kassandra zu Besuch beim La Fontaine
De Kassandra-Mythos u sech gouf dacks an der Literatur verschafft. Ganz onerwaart och an enger Fabel vum Jean de La Fontaine.
D’Kassandra an der Literatur
Wéi Schrëftsteller an Dichter d’Kassandra-Thematik verschafft hunn, ass d’Theema vun e puer Episode vu Mythologesches.
Der Kassandra hir onglécklech Prediktiounen
eng vun de berüümte Figuren, d’Duechter vum Kinnek Priamos a Schwëster vum Pâris. Hiren Numm steet nach haut fir een, deen dat Schlëmmst fäert, mee och fir d’Propheetin, op déi kee lauschtert.,
De Mammemäerder Orestes
Et geet dës Kéier ëm den Orestes, deen dem Agamemnon an der Klyteimnestra hire Jong ass, a doduerch dem Fluch, deen iwwert der Atride-Famill schwieft net entgoe kann.
Der Iphigenie hiert zweet Liewen
Och dës Woch beschäftegt sech de Jean Portante nees mam Mythos vun der Iphigenie.
De Mythos vun der Iphigenie
Et geet dës Kéier ëm eng Fra, déi direkt an e puer griicheschen Tragedien, d'Haaptroll spillt.
Dem Agamemnon säin Doud
Dës Kéier geet et ëm de grausamen Doud vum Kinnek Agamemnon, dee vu senger eegener Fra Klytaimnestra ëmbruecht gëtt. Firwat a wéi, gitt Dir hei gewuer.
Den Agamemnon waart op de Wand
Mir kommen ëmmer méi no bei déi bekanntst Personnagë vun der griichescher Mythologie, d’Iphigenie, den Orestes, de Achilles oder d’Kassandra.
Dem Menelaos seng Hochzäit
De Menelaos an den Agamemnon sinn zwou zentral Figure vum Troja-Krich. Déi zwee Bridder sinn awer och d’Jonge vum Atreus, an also dem Fluch vun den Atriden ausgesat.
Vu Verrot, Inzest a Mord
Mir gi gewuer, op wéi eng Aart a Weis den Thyestes sech gerächt huet. An och do gëtt virun näischt zeréckgeschreckt.
En Dëppe voller Kanner
Op wéi eng grujeleg Aart a Weis dem Pelops seng zwee Jongen, den Atreus an den Thyestes, sech den Troun vu Mykene ënner de Nol räisse wëllen, erzielt Iech de Jean Portante dës Kéier.
D'Famill vun den Atriden - 1
An der griichescher Mythologie wimmelt et nëmmen esou vu Mord an Doutschlag; Pappen, Mammen, Bridder, Schwësteren, Kanner ginn ëmbruecht, et gëtt keen Tabu beim Murksen.
Méi wéi een Deluge-Mythos
Am leschten Deel goung et ëm verschidde Sintfluten, déi e bëssen iwwerall op der Welt, an der Mythologie virkommen, separat vuneneen, mee mat villen Änlechkeeten? All Kéier, zum Beispill, gëtt et e puer Iwwerliewender.
Virum Äerdbiewen
De Jean Portante kënnt eng leschte Kéier op den aztekesche Mythos vun de fënnef Sonne zeréck an erzielt, wéi déi 5. Sonn geschaf gouf, déi, déi haut nach do ass, mee all Moment ënnergoe kann, mat hir déi 5. Mënschheet.

D’Enn vun der Welt
An der 7. Episod vu senger Serie Mythologesches bleift de Jean Portante nach eng leschte Kéier bei der aztekescher Mythologie a beim Mythos vun de fënnef Sonne stoen.
Fënneft Sonn
Et geet ëm d'Gebuert vun der Mënschheet an och hiren Ënnergang
Onméiglech Léift
Dës Kéier gëtt et eng traureg Libesgeschicht aus der Mythologie vun den Azteken
Schéinheets-Concours
An der 4. Episod vusenger Serie Mythologesches,, erzielt eis de Jean Portante d’Geschicht vum 1.Schéinheets-Concours vun der Literatur
Dem Zeus seng alleréischt Fra
D’Geschicht vum Zeus senger éischter Fra Metis, an op wéi eng bosseg Aart a Weis hiert Meedchen Athena op d’Welt koum.
Den Zeus rächt sech
Wéi d’Gëttin Rhea verhënnert huet, datt hire Jong, den Zeus, net, wéi all seng Bridder a Schwësteren, vu sengem Papp Uranos opgiess gouf, a wéi en duerno Här a Meeschter vum Olymp gouf.
- 1
- 2