Déi leschte Kéier huet de Jean Portante e Kassandra-Gedicht ausgegruewen, dat laang vergiess gi war. Et huet sech ëm dem Lycophron säin 1.474 Verse-laange Monolog “Alexandra” gehandelt. Alexandra, wat deen zweeten Numm vun der Kassandra ass. Um Enn vum 20. Joerhonnert, an am Ufank vum 21. hu grouss zäitgenëssesch Schrëftsteller d’Gedicht nees opgegraff, an nei iwwersat, oder an hiert Wierk fléisse gelooss. De Kassandra-Mythos u sech gouf awer dacks an der Literatur verschafft. Ganz onerwaart och an enger Fabel vum Jean de La Fontaine.
arrow_back_ios
Mythologesches
D’Kassandra zu Besuch beim La Fontaine
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min