An der griichescher Mythologie tauchen d’Amazoninnen zwar fir d’éischt kuerz an der “Iliad“ op, mee richteg kenneléiere mir se an anere Schrëften. Et handelt sech ëm Krichsfraen, déi grad esou couragéis wéi d‘Männer waren an net manner gutt wéi déi mat de Waffen ëmgoe konnten. Si hu sech an Dueller mat de gréissten Helde gemooss. Déi bekanntsten Amazonin ass d’Kinnigin Penthesilea. Si huet sech virgeholl op der Säit vun den Trojaner géint den Achilles ze kämpfen. Dat alles erzielt de Jean Portante am Detail an der 32. Episod vu Mythologesches.
arrow_back_ios
Mythologesches
D’Amazonin Penthesilea
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min