D’Penthesilea ass déi éischt Fra vun der westlecher Literatur, déi e Mann an engem Duell erausgefuerdert huet, an zwar keen anere wéi den Achilles, de gréisste griicheschen Held vun der Iliad. Dat mécht aus hir eng besonnesch mythologesch Figur, vun där sech vill Auteuren am Laf vun der Zäit inspiréiert hunn. An der 33. Episod vu Mythologesches, erzielt eis de Jean Portante wéi, vum ale Griicheland bis haut, de Penthesilea-Mythos verschafft gouf. A besonnesch, wéi en, lues a lues, komplett transforméiert gouf, bis et net méi d’Penthesilea ass, déi den Zweekampf verléiert, mee den Achilles.
arrow_back_ios
Mythologesches
Penthesilea versus Achilles
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min