D’”Odyssee” fänkt net mat der Ierfaart vum Odysseus am Mëttelmier un, mee mat der Rees vu sengem Jong Telemachos, deen op der Sich no sengem Papp ass. E Papp, deen hien net kennt, well hien ze kleng war, wéi den Odysseus virun 20 Joer an de Krich gezu war. Seng éischt Etapp bréngt den Telemachos op Pylos, bei de Kinnek Nestor. Wien dat ass, a wat den Telemachos bei him gewuer gëtt, erzielt Iech de Jean Portante.
arrow_back_ios
Mythologesches
Op der Sich nom Papp
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min