De Kär vun der "Odyssee“, dat heescht d’Gesäng 9 bis 12, sinn an der Ech-Form erzielt. Den Homer iwwerléisst et dem Odysseus selwer dat matzedeelen, wat hien dru verhënnert huet, direkt op Ithaka, also heem, ze kommen. An et ass zum groussen Deel seng a senge Begleeder hir Schold. De Rescht hunn d’Gëtter gemaach, de Miergott Poseidon haaptsächlech, dee laang Zäit brauch, éier hie vergësst, datt den Odysseus sengem Jong, de Zyclop Poliphem, en A ausgestach huet. Am Mëttelmier waart also nach méi wéi eng Epreuve op den Odysseus.
arrow_back_ios
Mythologesches
Vu Mënschefrësser, Schwäin a Sireenen
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min