No 20 Joer Krich an Ierfaarten duerch d’Mëttelmier, kënnt den Odysseus endlech heem, op Ithaka, wou seng Fra Penelope a säi Jong Telemachos op hie waarden. Et kënnt zu enger leschter bluddeger Schluecht, wärend där den Odysseus all d’Freiere vu senger Fra liquidéiert, an esou nees op säin Troun klamme kann. Do hält d’”Odyssee“ op, mee dat huet d’Auteure, déi sech nom Homer mam Odysseus-Mythos beschäftegt hunn, net zefridde gestallt. Si hunn him en zweet Liewen erfonnt, dat hien nees fortbréngt vun Ithaka. Dat erzielt de Jean Portante an der leschter Episod vu Mythologesches virun der Summerpaus.
arrow_back_ios
Mythologesches
Dem Odysseus säin zweet Liewen
Lauschteren
play_arrow
headphones
12 min