Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
OPUS -De Kulturmagasinn fir d'Groussregioun
Wat ass lass an der Groussregioun? Iwwer aktuell kulturell Offeren an eng Ausenanersetzung mat der Kultur.
Konscht a Rassismus
De Schwaarzen, de Judd, zwou Figure vum Aneren. Hir Duerstellung an der Konschtgeschicht huet zur Schafung vu Stereotyppe bäigedroen.
Konscht a Rassismus
De Schwaarzen, de Judd: zwou Figure vum Aneren, där hir Duerstellung an der Konschtgeschicht zur Schafung vu Stereotyppe bäigedroen huet.

Emile Hemmen - In memoriam
De Lëtzebuerger Auteur, Dichter an Humanist Emile Hemmen ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen.
