arrow_back_ios

Al Schanken

Musek a Kultur / Al Schanken

/ Nick Cave an David Bowie live

Nick Cave an David Bowie live

Am Juni 2000 war den David Bowie (1947-2016) Gaascht vun der BBC an där hirem Music Theatre zu London - en Optrëtt dee kuerz virum Bowie-Gig um Festival zu Glastonbury opgeholl gouf an deen de Museker a seng Band an Topform dokumentéiert. Fir vill huet dëse Concert dee vu Glastonbury selwer an de Schiet gestallt ... obwuel deen net schlecht war!

Am Abrëll elo ginn et da 25 Joer, datt den Nick Cave (Joergang 1957) a seng Band The Bad Seeds den Album “The Good Son” publizéiert hunn - den Australier huet mat dësem Wierk méi wéi een iwwerrascht. De Schotz Melancholie an Däischtert ass wuel nach ëmmer derbäi, mee dësen Album ass däitlech méi hell, méi positiv an och méi accessibel wéi seng rau an explosiv Virgänger.

De Grond ass am Privatliewe vum Nick Cave ze sichen: hien huet deemools e gutt Joer Entzuch vu senger Heroin-Ofhängegkeet hanner sech, huet an där Zäit ë. a. de Piano als Therapie-Instrument entdeckt a virun allem: mat der Brasilianerin Vivian Carneiro trëtt eng nei Fra a säi Liewen. Déi zwee bestuede sech, e klenge Luke komplettéiert d’Familljegléck, dat dann och e puer Joer laang am sonnege Brasilie stattfënnt.

Zwee vun den Haapttracken um Album sinn “The Ship Song” an “The Weeping Song”, allebéid antëschent Klassiker vum Nick Cave.

Playlist:

1. The Human League - The Lebanon (Hysteria, 1984)

2. Roxy Music - Love Is The Drug (Siren, 1975)

3. Talking Heads - Psycho Killer (Talking Heads: 77)

5. David Bowie - Stay (live) (Brilliant Adventure: 1992-2001, 2021)

6. David Bowie - Cracked Actor (live) (idem)

7. David Bowie - Heroes (live) (idem)

8. David Bowie - I’m Afraid Of Americans (live) (idem)

9. The 69 Cats - Werewolves Of London (Transylvanian Tapes, 2014)

10. Iggy Pop - Louie Louie (American Caesar, 1993)

11. Nick Cave and the Bad Seeds - The Ship Song (live) (Live Seeds, 1993)

12. Nick Cave and the Bad Seeds - The Weeping Song (live) (idem)

13. Nick Cave and the Bad Seeds - Deanna (live) (idem)

Episoden

Special Keith Richards "Main Offender"

De Keith Richards am Rolling Stone-Interview plus Extraiten aus sengem zweete Soloalbum "Main Offender", deen der dëst Joer 30 kritt.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

In Concert: Mark Lanegan / Gary Brooker

Live-Tracks vum Mark Lanegan (25.11.1964-22.02.2022) a vum Gary Brooker (29.5.1945-19.02.2022)
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow

Spezial: Genéissen no allen Nouten!

Rock, Pop, songwriting ... et geet ëm de Patt an de gudde Maufel: Lidder vu gëscht a viirgëscht, an deenen et ëm Iessen an Drénke geet.

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Al Schanken

Rock a Pop fir ze entdecken oder fir erëmzehéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

The Sky Is Crying

Mir erënneren un de Gigi Felten (+26.10.2021), Gittarist vun Heavy Petrol an Touningenieur an der Escher Kulturfabrik.