Wéi all Dag zanter dem Ufank vun der Berlinale schalte mir live op Berlin, wou de Jeff Schinker eis Updates zum Concours gëtt. Haut sinn och zwee Filmer dobäi, déi ee ganz geschwënn zu Lëtzebuerg ka gesinn: “Rose” vum Markus Schleinzer an “Nina Roza” vun der Geneviève Dulude-de Celles lafen an zwou Wochen och um LuxFilmfest. Dernieft beschwätz de Jeff Schinker "At the Sea" vum Kornel Mundruczo, "We’re All Strangers" vum Anthony Chen a "Meine Frau weint" vun der Angela Schanelec.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale: La vie en rose
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Paradiso Films)
headphones
15 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Den Déifferdénger LabO Theater
E jonken Duo mat grousse Projete fir den Theater jiddwerengem méi nozebréngen.
E Sproochekrich zu Lëtzebuerg?
De Linguist Joseph Reisdoerfer warnt virun den negative Konsequenze vun der Entwécklung vun der Sproochesituatioun hei zu Lëtzebuerg.
Dem Arnaud Eubelen seng "Allégorie de la caverne"
De Lécker Sculpteur Arnaud Eubelen huet am Casino Lëtzebuerg eng hypnotesch Rauminstallatioun, eng "Bestie", aus Recupmaterial opgeriicht.
OPUS -De Kulturmagasinn fir d'Groussregioun
Wat ass lass an der Groussregioun? Iwwer aktuell kulturell Offeren an eng Ausenanersetzung mat der Kultur.
Konscht a Rassismus
De Schwaarzen, de Judd, zwou Figure vum Aneren. Hir Duerstellung an der Konschtgeschicht huet zur Schafung vu Stereotyppe bäigedroen.
Konscht a Rassismus
De Schwaarzen, de Judd: zwou Figure vum Aneren, där hir Duerstellung an der Konschtgeschicht zur Schafung vu Stereotyppe bäigedroen huet.
Emile Hemmen - In memoriam
De Lëtzebuerger Auteur, Dichter an Humanist Emile Hemmen ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen.