Bewosst Gesond
Fake News am Beräich Ernärung
14 min
Déi éischt fake News am Beräich Ernierung ass warscheinlech 1870 entstanen.
Bei der Bestëmmung vum Eisengehalt vum Spinat ass ongewollt de Komma am Resultat em 1 Dezimal verrutscht.
Aus 2,7 mg Eisen op 100 g Spinat,wat e normaalt Resultat fir e gréngt Geméis ass, goufen et der 27 mg.
Richteg populär ass de Spinat 1930 wéinst dem Popeye ginn, deen duerch Spinat Superkräfte krut.
Den Ëmsatz vum Verkaf vu Spinat ass doropshin em 33 % eropgaangen l Obwuel duerno Wëssenschaftler bewisen hunn dass de Spinat net méi Eisen enthält wéi déi selwecht Kantitéit Brokkoli, ass de Mythos vum extra-eisenhaltege Spinat bei villen Leit bliwwen.
En obeabsichtegten Iertum deen e positiven Impakt op d’Iessverhalen besonnesch vun de Kanner hat.
Hautdesdaags gi falsch Informatioune leider ganz bewosst an d’Welt gesat fir Ménungen ze beaflossen an ze manipuléieren a niewebäi och gutt fir de Business sinn.
D'Lis Muller ass haut am Studio a màécht e Point iwwer Fake News an der Ernärung.