E puer Wierder iwwer Wierder
Jean/Jang
5 min
Et geet ëm franséisch Wierder, déi eppes verléieren, a lëtzebuergesch Virnimm, déi eppes bäikréien. Donieft wäert et bei der Caroline Döhmer awer och ëm de Grand-Duc goen.
S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut dréit sech alles ëm de Jang an den Heng. Erziels de eis elo e bëssen eppes vun der Lëtzebuerger Monarchie?
C: Ech mengen, dofir sinn ech definitiv déi falsch Persoun resp. géif ech da just Wikipedia virliesen an dat brauch wierklech kee Mënsch.
S: Du bass jo och Linguistin.
C: An do kann ech dann haut och e puer Fun Facts matbréngen. D'Stéchwuert haut fir de Jang an den Heng ass nämlech Denasaliséierung.
S: Dat hunn ech nach ni héieren.
C: An dofir sinn ech hei, fir dat ze erklären. Als éischt emol eng kleng Anekdot: Ech hunn an Däitschland ugefaang, Linguistik ze studéieren an an der Phoneetik, also der Wëssenschaft vun de Lauter, hat ech eng däitsch Dozentin, déi sot: im Französischen gibt es 4 Nasalvokale, ɔ̃ː ɔ̃ː ɔ̃ː und ɔ̃ː.
S: Mee dat war jo ëmmer d'selwecht?
C: An dat ass de Witz, well si domat weise wollt, dass se mat engem däitschen Ouer iergendwéi all d'selwecht kléngen, resp. dass si se einfach net richteg nomaache kann an hirer lautlecher Struktur. Eigentlech sinn et véier verschiddener, also et sinn eigentlech on, an, in an un, woubäi déi lescht zwee sech iwwerschneiden an ech dat lo och net perfekt virmaache kann.
De Punkt ass, dass vill franséisch Wierder mat esou engem Nasalvokal net 1:1 an eng aner Sprooch iwwerholl ginn, mee dass et do oft zu Upassunge kënnt.
S: Zum Beispill?
C: Ma am Däitsche kann een entweeder soen: Parfüm oder Parfum oder ganz kreativ am Substandard och Paffeng. Am Lëtzebuergeschen ass et zwar "Parfum", mee mer soen och Saache wéi "Kartong/Karton/Kartron" oder och "Stong" fir de "Jeton".
S: An ass dat ëmmer sou, dass dat ugepasst gëtt aus dem Franséischen?
C: Et gëtt Formen, do wiesselt sech dat of, also dass ech verschidden Optiounen hunn, fir et auszeschwätzen. Mee am Lëtzebuergesche soe mer beispillsweis "Champignon" mat den zwee Nasaler an am Däitschen ass et "Champignong" ouni Nasalvokaler, hei gëtt -on zu -ong, oder: "Champignon". An dat Phenomeen heescht Denasaliséierung, wann den Nasalvokal evitéiert gëtt. Am Lëtzebuergeschen hale mer awer vill Nasalvokaler, wa mer Wierder aus dem Franséischen iwwerhuelen, wéi bei: Annonce, Balcon, Client, Poivron oder eebe Parfum.
S: An de Grand-Duc?
C: Bei den Nimm "Jang" an "Heng" geschitt sou eng Denasaliséierung, also de Grand-Duc Jean, deen 2019 gestuerwen ass, war am Land einfach "de Prënz Jang". An aus dem franséischen Nasalvokal bei "Jean" ass dann och eng Endung mat -ng ginn, et gouf also och denasaliséiert. Streng geholl, ass den -ng och en Nasal, mee e konsonanteschen, mee dat ass just en Detail.
S: A genee d'selwecht bei "Heng"?
C: Jo, eisen aktuelle Grand-Duc ass den Heng, also – an elo muss ech dann awer aus Wikipedia zitéieren – ganz offiziell den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume von Nassau. An aus "Henri" gëtt déi lëtzebuergesch Kuerzform "Heng", déi zweet Silb mam -ri hu mer eis geschenkt, mee aus Hen- gouf dann och nees eng Form mat -ng, anzwar Heng.
S: Dann hu mer haut eppes geléiert iwwer Nasali-?
C: Denasaliséierung.
S: Denasaliséierung, wann aus "Jean" "Jang" gëtt. Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!
Presentéiert vum
- Simon Larosche
Episoden
Labello
Ee vu ville Beispiller, bei deenen de Markennumm benotzt gëtt fir e Produit ze beschreiwen.
Batti
An et geet ëm Ausdréck wéi Tutebatti oder Schnësskättien
net
Dës Kéier geet et ëm d'Negatioun an ëm e Phenomeen, dat Skopus heescht.
Shampooing
Dir gitt ënner anerem gewuer, wat den No-Poo-Trend ass.
Schantjen
An dëser Episod geet et ëm de Schantjen an d’Chrëschtkëndchen, a firwat dat eent souzesoen eng falsch Verklengerungsform ass.
Joffer
An dëser Episod geet et ëm Jofferen, Jongfraen a Weltbiller aus de 50er-Joren
Landkaart
Et geet ëm Päiperleken, Betounungen a Flilleken.
Goût
Et geet ëm Inselen, Reformen a franséisch Hittercher
Zäitchen
An dëser Episod geet et ëm Wierder, déi just esou maachen, wéi wa se kleng a léif wieren.
Luxemburgistik
Wat steet eigentlech hanner de Wierder mat -istik, a wéi si si an der Luxemburgistik gelant?
Uhrzeigersënn
Haut dréit sech alles ëm den Uhrzeigersënn a Wierder, déi mer aus anere Sproochen iwwerhuelen
Witzbold
Haut geet et ëm d'Fro, wien eigentlech de '-bold' am 'Witzbold' ass
Witz
Dir kennt bestëmmt deen een oder anere Witz, meewësst Der och, wouhier d'Wuer 'Witz' kënnt?
Dosen
Wouhier kënnt dat Wuert? Et geet op eng Rees duerch verschidden europäesch Sproochen.
Minnech
Wësst Dir, wat e Minnech ass? Dir gëtt et hei gewuer.
léif
Et geet ëm d'Schreifweis an och ëm Urieden an der E-Mail.
Laser
Et geet ëm Ofkierzungen, déi awer ausgesi wéi normal Wierder.
Äddi
Dës Kéier kucke mir op Abschidsformelen, déi bal alleguer eppes mat Gott ze dinn hunn. Donieft gëtt et och nach e Schreiftipp.
Jean/Jang
Et geet ëm franséisch Wierder, déi eppes verléieren, a lëtzebuergesch Virnimm, déi eppes bäikréien.
Uhu
Et geet ëm grouss Vullen, Pech, de Grand-Duc a Lautmolerei.
- 1
- 2