E puer Wierder iwwer Wierder
Äddi
4 min
Dës Kéier kuckt d'Caroline Döhmer op Abschidsformelen, déi bal alleguer eppes mat Gott ze dinn hunn. Donieft gëtt etcoch nach e Schreiftipp fir den Äddi.
S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut dréit sech alles ëm Äddi. Verléiss de eis schonn no e puer Episoden?
C: Ma nee, mir lafen dach grad eréischt waarm!
S: Uff.
C: Äddi ass haut mäi Wuert, wat ech matbruecht hunn. Et ass e Wuert, wat een da richteg schreift, wann ee weess, wou et hierkënnt.
S: Solle mer mol ufänken, dass de eis d'Wuert buschtawéiers an der richteger Orthografie?
C: ä d d i. Ech mengen, den Ufank ass hei d'Schwieregkeet, well an der Theorie kéint een et och mat engem "E" vir schreiwen an et wier nawell d'selwecht ausgeschwat.
S: Eddie mat "e" ass jo da wéi den Numm, also d'Kuerzform vun "Eduard".
C: Ma dozou hunn ech eng kleng Anekdot: Meng Frëndin hat emol eng Stallkaz, déi Murphy geheescht huet an ëmmer, wann et owes aus dem Stall gaang ass, huet et "Äddi Murphy" geruff, wat mer ëmmer immens léif fonnt hunn!
S: Léif.
C: Zréck bei den "äddi" mat a mat zwee Pinktelcher. Dat leet sech of vun "adieu", wat et och schonn am Alfranséische gouf. An dat geet zréck op Latäin: ad Deum. Insgesamt ass et eng Kuerzform vun engem Saz: je vous recommande à Dieu. Dat, wat ee seet, wann een eng Persoun méi laang net gesäit, also bei engem längeren Abschid. An an de franséischen Dictionnairen hunn ech an deem Kontext d'Expressioun fonnt "prendre congé de quelqu'un" an dat hunn ech sou witzeg fonnt. Stell der vir, ech géif soen: Sou, ech muss mer lo Congé vun dir huelen. Dat géif relativ onhéiflech kléngen.
S: Richteg fein wier et iergendwéi net.
C: Fir lo awer de Lien mam Lëtzebuergeschen ze maachen, hu mer den "a" vum "adieu" als Virlag an dofir muss den "äddi" och mat "a" geschriwwe ginn, awer eebe mam Treema, also mat den zwee Punkten uewendrop.
S: Seet een dann och nach op anere Plazen "äddi", also an anere Sproochen oder Dialekter?
C: Effektiv ginn et do eng Rei regional Varianten, déi sech iergendwéi mat der Zäit vum franséische Virbild ofgeleet hunn an déi hu sech virun allem am 17. Joerhonnert am däitsche Sproochraum verbreet: atjē, adjes, adjüs oder t(s)chö. A besonnesch bekannt ass bis haut natierlech den "tschüss".
Iwwer deen "s" um Enn ass ee sech nach onsécher, et kéint sinn, dass dat duerch Hafestied komm ass, an deenen och Spuenesch geschwat ginn ass, wou ee jo bei "adios" hannen den "s" huet. An am Wallounesche gouf et och eng Form "adjuus" (mat ü geschwat), wat och en Afloss kéint gehat hunn. Et geet awer an all dëse Fäll ëm Gott.
S: Dat heescht, den "äddi" an den "tschüss" hunn en änlechen Ursprong?
C: Sou ass et!
S: Dat wat jo lo eng europäesch Rees duerch d'Zäit mam Äddi! Ech soen dir lo merci an äddi (ouni Murphy) a mir freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d'Schlusswuert ass dat selwecht wéi eist Wuert vun haut: Äddi!
Presentéiert vum
- Simon Larosche