E puer Wierder iwwer Wierder
hott an har
4 min
Saache leien hott an har, Leit fueren hott an har. Mee wat heescht eigentlech 'hott' a wat heescht 'har' a wat huet dat mat engem Plou ze dinn? Dat erkläert eis d'Linguistikproff Caroline Döhmer.
S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun dëser Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut dréit sech alles ëm en Ausdrock, also méi genee ëm dräi Wierder.
C: Et sinn zwar dräi Wierder, mee am Lëtzebuergesche ginn se ëmmer an der Kombinatioun benotzt: hott an har. Kenns de deen Ausdrock?
S: ___
C: Fir déi Leit, déi dat net kennen, ginn ech emol e puer Beispiller: et gëtt hott an har gebaut, d'Kleeder leien hei hott an har, hott an har duerch de Bësch fueren. Dat hunn ech souguer och an der Form vun engem Nomen fonnt: no laangem Hott an Har.
S: A, mee dat ass jo dann einfach wéi "no laangem Hin an Hier".
C: Richteg, d'Deeler "hin" an "hier" sinn allerdéngs e bësse méi kloer, also hei erkenne mer éischter, wat se bedeiten, well mer se aus Verbbildungen oder Adverbie kennen: higoen, dohin oder eeben hierkommen, dohier. Beim "hott" an "har" si mer bei engem Kommando.
S: A sou? An e Kommando fir wat?
C: Fir Päerd oder aner Zuchdéieren.
S: A jo, du bass dach och Päerdsmënsch!
C: Sou ass et, dofir wonner dech net, wann an dëser Emissioun heiansdo e puer Päerdstheeme kommen!
Et ass awer aus engem méi ale Päerdsberäich, mer sinn elo bei den Zuchpäerd, also net direkt déi an der Kutsch, mee déi beim Holzréckelen oder virum Plou. An "hott" heescht einfach riets an "har" heescht lénks.
Lokal ginn et nach aner Varianten: den "hott" kann een och benotzen als "hotts", "hëtt" oder "hëtts".
S: Dat hunn ech awer nach ni héieren.
C: Dat ass, well sech déi kombinéiert Form extreem duerchgesat huet vun "hott an har". Am Däitsche gëtt et eng änlech Konstruktioun mat "hü" an "hott", wéi bei "erst hü, dann hott sagen, heute hü, morgen hott, der eine hü, der andere hott". Domat ass eebe gemengt, dass ee sech net decidéiere kann oder sech selwer widdersprécht, mol sou, mol sou. Den "hü" ass dobäi entweeder de Kommando fir no lénks oder einfach fir no vir.
S: Et ass villäicht eng domm Fro, mee firwat muss een dem Päerd dat iwwerhaapt soen? Also beim Reide benotzt een dat jo net, oder?
C: Dat ass am Fong eng richteg gutt Fro: Beim Reiden hues de einfach méi Optiounen, fir d'Richtung unzeginn: mam Zigel, mat de Been, mam Gewiicht am Suedel. A wann s de mam Päerd um Feld oder am Bësch schaffs, dann huet een d'Päerd meeschtens un engem laange Seel, oft och an enger Hand, sou dass de net geziilt riets oder lénks zéie kanns an da muss de et eebe mat der Stëmm maachen: hott an har. An anscheinend ass d'Längt vum Vokal dann och relevant dofir, wéi grouss de Bou no riets oder lénks soll sinn.
S: Mee haut mécht souwisou alles den Trakter, oder?
C: Jo an nee. Déi meescht Aarbecht iwwerhuelen natierlech d'Maschinnen, mee d'Bëschpäerd hunn haut nach eng Daseinsberechtegung, well se am Bësch dacks op Plaze schaffen, wou keng Maschinn richteg hikënnt, well e Päerd ass numol e gutt Stéck méi schmuel wéi sou e klenge Bagger oder Trakter.
S: Also hunn d'Maschinnen d'Päerd nach net iwwerall ersat.
C: Nee, et huet am Bësch effektiv nach eng richteg Aufgab. D'Kuerzfaassung vun eiser Wierder haut ass: Hott an har heescht näischt anescht wéi riets a lénks.
S: Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!
Presentéiert vum
- Simon Larosche