Europa Aktuell 17.05.2021 - 07h20 Europäesch Eisebunnsklienten gin an Zukunft bei Retarden wéinst cas de force majeure net méi entschiedegt
Kale Krich? 15.05.2021 - 07h20 Et bléist ee kale Wand tëschent Europa a Russland. Den RTBF-Chroniker Sandro Calderon kommentéiert.
Ee Recht op Reparatur: Bis elo keng eenheetlech Reegelen an der EU 14.05.2021 - 07h20 Eppes flécken aplaz et ewechzegeheien: 2019 hu méi wéi 40 ONGen an der EU eng Initiativ lancéiert, déi fir dat Recht kämpft. An der EU kënnt een do nëmme lues virun.
Deen éisträichesche Plan de Relance 12.05.2021 - 07h20 Mam Programm Next Generation EU sollen d'EU-Memberstaate gehollef kréien, fir hir Ekonomie no der Corona-Kris nees opzebauen.
Transport a sozial Versécherung ouni Grenzen 11.05.2021 - 07h20 Wéinst der Mobilitéit iwwert de Grenzen ewech, kënnt et fir datt Grenzgänger déi am Transportwiese schaffe riskéieren hir sozial Versécherung am Residenzland ze hunn a net zu Lëtzebuerg.
EU-Sozialsommet: Zu Porto war d'Glas hallef voll 10.05.2021 - 07h20 D'EU ass ëm zwou Deklaratioune fir ee méi soziaalt Europa méi räich. Mee wat ass vum EU-Sozial-Sommet zeréckzebehalen? Gi konkret Mesuren duerno ëmgesat?
De Refrain vun der europäescher Souveränitéit 08.05.2021 - 07h20 Wat versteet een eigentlech genee ënner der vill diskutéierter europäescher Souveränitéit? Déi Fro stellt den Olivier Hanrion (RTBF) sech a senger Chronik.
EU-Sozialsommet: Méi wéi just Wierder? 07.05.2021 - 07h20 Um EU-Sozialsommet gëtt iwwer d'Ëmsetze vun den Ziler geschwat, déi sech d'EU an der Sozialpolitik ginn huet. Wat ass konkret ze erwaarden?
Den nationale Plan de Relance a Portugal 06.05.2021 - 07h20 Portugal huet wëlles, dee gréissten Deel vun de Suen aus dem EU-Anti-Krise-Fonds an den Secteur public ze investéieren. Am Ganze stinn dem Land 16 Milliarden Euro zou.
Dennis Radtke iwwer EU-Sozial-Sommet an EU-Mindestloun 05.05.2021 - 07h20 D'EU-Direktiv fir den Europäesche Mindestloun muss verschäerft ginn, dat seet den CDU-Europadeputéierten an eisem Europa-Interview.
Spuenien: Plan de relance soll 800.000 Aarbechtsplaze bréngen 04.05.2021 - 07h20 Mat 140 Milliarden Euro ass Spuenien dat EU-Land, dat am zweet meeschte Suen aus dem EU-Antikrisefonds kritt. D'Regierung versprécht konkret Resultater.
De Lëtzebuerger Plan pour la reprise et la résilience 03.05.2021 - 07h20 93 Milliounen Euro huet Lëtzebuerg ze gutt: 20 Projete sollen domat co-finanzéiert ginn.
Serie: Wat geschitt mat den EU-Suen? Dee franséische Plan de relance 30.04.2021 - 07h20 Start vun der Europa-Aktuell-Serie iwwer d'EU-Hëllef géint d'Covid-Kris: Am éischten Deel kucken mir op de franséische Plang.
EU-Covid-Certificat: Lëtzebuerg wëllt virum Summer prett sinn 29.04.2021 - 07h20 Den EU-Covid-Certificat a Form vu QR-Codë soll zu Lëtzebuerg bis virum Summer prett sinn, seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lehnert.
Brexit: Europaparlament hëlt lescht Etapp 28.04.2021 - 07h20 D'Europaparlament huet ofgestëmmt iwwer den Handelsaccord mat Groussbritannien - d'Resultat gëtt de Moien bekannt. Et gëllt awer als sécher, datt eng Majoritéit dofir stëmmt.
Sofagate: Déck Loft tëschent Conseilspresident a Kommissiounscheffin 27.04.2021 - 07h20 D'Kommissiounscheffin hat kee Recht op eng Fotell nieft dem tierkesche President. Gëschter huet d'Ursula von der Leyen dat ëffentlech kritiséiert.
Liberty House: EU-Kommissioun muss Verantwortung iwwerhuelen 26.04.2021 - 07h20 Do si sech de Wirtschaftsminister an d'Gewerkschaftssäit eens.
Een ondankbaren Job 24.04.2021 - 07h20 Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF geet op ee Posten an, deen hien net wierklech als Kaddo ugesäit.
Kënschtlech Intelligenz an der EU 23.04.2021 - 07h20 D'EU ass déi éischt Regioun op der Welt, déi Reegelen fir d'Kënschtlech Intelligenz opstelle wëllt. KI soll engersäits gefërdert, anerersäits solle Grenze gesat ginn.
EU-Klimaschutzgesetz: Historesche Moment oder verpasste Chance? 22.04.2021 - 07h20 D'EU ass sech eens ginn iwwer ee Klimaschutzgesetz. D'Meenunge ginn auserneen. Fir déi eng ass et een historesche Moment, fir déi aner een Echec.