Radioen

On air

Moiesstudio  |  Womack & Womack - Teardrops

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot Emol

Musek a Kultur / Sot Emol

/ Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

on the headlines

Et héiert een den Ausdrock wuel net méi all ze dacks, mee et kennen der e sécher nach vill, och wann e manner present ass, wéi dat emol war. Fréier war et praktesch normal, wann op engem Bal Danzmusek gespillt gouf. Musek eben, wourop gedanzt gouf, Musek awer och, op déi iergendwann am Owend de ganze Sall matgesongen huet. An och nach hautdesdaags, wann anzwousch e Lëtzebuerger Owend ass an al Lëtzebuerger Lidder gesonge ginn, da mierkt een, datt nach vill Leit se kennen. Wann Dir mol op esou engem Lëtzebuerger Owend waart, dann ass et ganz gutt méiglech, datt Dir dem Jean Claude Majerus sengem Invité begéint sidd.
Hien ass dacks mol op méi groussen, mol méi klengen Eventer mat sengem Panzpiano ënnerwee a spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof: et ass de Mann mam Akkordeon an der Kap, de Ben Claus oder meeschtens einfach nëmmen “De Claus“ genannt.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiouns,ager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol vun proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënsche déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow
Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Clara Herz: "Actrice ass mäin Dramberuff"

Clara Herz: "Actrice ass mäin Dramberuff"

Mat vill Engagement, Talent an och Passioun ass dës Actrice amgaange sech an der Schauspillwelt ze etabléieren. Si ass vill zu Paräis, mee huet sech och schonn op Lëtzebuerger Büne gewisen a bewisen.
headphones

56 min

play_arrow
Aly Bintz: E léiwe Männchen

Aly Bintz: E léiwe Männchen

De Lëtzebuerger Acteur a Sänger Aly Bintz ass virun 20 Joer am Alter vun nëmme 75 Joer gestuerwen. Mir erënneren un dëse Lëtzebuerger Entertainer.
headphones

55 min

play_arrow
Joe Del Toe: De Gesondheets-Clown

Joe Del Toe: De Gesondheets-Clown

De Gesondheets-Clown Joe Del Toe ass den Invité bei Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem

Den aktuellen Directeur technique vum COSL Raymond Conzemius ass den Invité beim Jeam Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent

Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent

Den Dirigent an Directeur musical vum Cercle symphonique vu Rëmeleng Sidney Scho ass haut den Invité beim Jean Claude Majerus am Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Den Invité ass a war Mëttel- oder Laangstreckeleefer. Hien ass och esou munch Lëtzebuerger Rekord vun de 1500 Meter u gelaf, an nach haut ginn et ëmmer Rekorder, déi him gehéieren.
headphones

55 min

play_arrow
Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

D'Musekerin, Saxofonistin an och Sängerin an Dirigentin ass d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Als Liichtathleet war den Norbert Haupert ganz erfollegräich, ë. a. mat engem Lëtzebuerger Rekord iwwer 1.000-Meter. Als CSV-Deputéierte souz hie 14 Joer an der Chamber.
headphones

56 min

play_arrow
Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien

Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien

Bei der Invitée dës Kéier fënnt een nees eng grouss Diversitéit an hirem Parcours, dee si mécht oder bis ewell gemaach huet.
headphones

57 min

play_arrow