Den Ernest Freylinger ass 56 Joer al an huet Multiple Sklerose (MS). Eng Autoimmun-Krankheet, déi sech iwwer d‘Jore schläichend ausgebreet huet. Ouni permanent Hëllef kéint hien haut net méi vill maachen, well seng Been an Hänn dacks versoen, sëtzt hien am Rollstull a muss bei praktesch allem ënnerstëtzt ginn. Fréier war den Ernest immens aktiv, huet Instrumenter gespillt, ass gäre seegele gaang an huet akrobatesche Rock'n' Roll gedanzt, alles Saachen, déi haut net méi méiglech sinn. Och berufflech war hie vill a gären am Asaz, dat mécht hien och nach haut, schafft weiderhi mat där Energie, wéi et him méiglech ass.
Säi Liewensmotto: “Dir hutt ëmmer de Choix, et hänkt vun Iech of, wat Dir dorausser maacht.” Mat dësem Saz baséiert hie sech op eng Ausso vum Charles Darwin: “It is not the strongest of the species that survives, nor the most intelligent that survives. It is the one that is most adaptable to change”.
D’Krankheet huet sech wéi gesot iwwer d‘Jore schläichend ausgebreet an haut fillt sech dat u wéi: “Wann der vun haut op muer de Wand aus de Seegele geholl kritt, ...”
Op permanent Hëllef ass den Ernest Freylinger ugewisen: “Ech kann näischt spontan maachen, dobäi kënnt eng extreem Middegkeet, ech muss total organiséiert sinn.”
Danz, Musek a Seegelen a Reesen hunn zu senger Fräizäitaktivitéite gehéiert, dat meescht ass haut net méi méiglech: “Et si ganz vill Saachen, déi ewechgefall sinn a mengem Liewen, mee dat ass einfach Vergaangenheet.”
Seng Wënsch fir Zukunft: “Méi reesen a méi Verständnis hei zu Lëtzebuerg fir Mënsche mat enger Behënnerung, well vill Behënnerunge gesäit een net.”