Radioen

On air

Notturno  |  Sidney Gish - Filming School

play_arrow Live
arrow_back_ios

Liewensgeschichten

100komma7.lu / Liewensgeschichten

/ Dës Woch am Portrait d’Lis Muller

Dës Woch am Portrait d’Lis Muller

headphones

17 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dës Woch léiert Dir d’Ernärunsgberoderin Lis Muller kennen. Haut ass si an der Pensioun, déi jo fir eng nei Liewensetapp steet. An déi Etapp genéisst si wuertwiertlech mat alle Sënner.
Rou hu jo, awer weiderhin aktiv sinn, dat ass fir si ganz wichteg, si genéisst elo einfach Zäit ze hunn an ass weiderhin op der Sich no neien Erfarungen, déi si ëmmer och aus engem gesonde Bléckwénkel eraus maache kann. Esou huet si z. B. kierzlech un engem Kraider-Atelier op der Université Européenne des Saveurs & des Senteurs zu Forkalquier an der Provence deelgeholl.
Iwwer d’Ufanksjore vun der ANDL, der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg, vun där si déi éischt Presidentin war, iwwer dee fir si idealen a wonnerbare Beruff vun der Dieteticienne, dee si iwwer 40 Joer zu Mondorf am Thermalbad ausgeüübt huet, an iwwer déi lescht Joren als Responsabel du Service Nutrition Interdisciplinaire, verzielt si an dësem Gespréich. A mir trëppelen duerch dee wonnerbare Park zu Munneref, an deem och e grousse Kraidergaart ugeluecht ass, deen d’Lis Muller virun enger Rei Jore mat an d’Liewe geruff huet.

Episoden