Radioen

On air

Notturno  |  Faye Webster - But Not Kiss

play_arrow Live
arrow_back_ios

Liewensgeschichten

100komma7.lu / Liewensgeschichten

/ Dës Woch am Portrait: de Kim Meyer

Dës Woch am Portrait: de Kim Meyer

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dës Woch léiert Dir de Kim Meyer kennen.
Mat Dauwen hat hie weider ni eppes um Hutt, bis eng Babydauf, déi net méi fléie konnt, enges Daags virun him louch. An dat ass alles laang hier. Zanterhier ass hien als den ”Dauweretter” vu Lëtzebuerg bekannt.

“Mir hunn an eisem Dauweschlag verletzte Staddauwen, Dauwen déi ausgesat goufen a Rassendauwen, déi de Wee net méi heem fannen. En anere Problem ass dee mat de Dauwen, déi op Hochzäite oder fir e Begriefnes fléie gelooss ginn. Déi Déiere sinn duerno komplett verluer, ginn iwwerrannt oder stierwe vun Honger”.

Vill Leit sinn net frou mat den Dauwen, dat bedauert de Kim Meyer, well datt se do si wou se sinn, ass net hir Schold. Hie muss sech och ëmmer erëm verdeedegen a rechtfertegen, datt hien Dauwe rett. Vill Leit hu kee Versteesdemech, firwat een eng Dauwen oppäppele soll, déi z. B. e gebrachene Flillek huet.

“Dauwe fiederen ass scho wichteg, awer nëmmen do, wou keen Dauweschlag ass. Mee Broutgrimmelen oder Iessreschter vum Mënsch sinn net gutt, grad wéi se verjoen, andeems ee mam Fouss no hinne rennt. D’Dauw ka sech verletzen a verletzten Déiere kommen net fort.”

De Stolaarbechter Kim Meyer vun Nidderkäerjeng huet de Veräi Staddauwen Lëtzebuerg gegrënnt. Hien ass mat Leif a Séil aktiv am Schutz fir d’Dauwen:

“Meng Zukunftsvisioun wier en Asyl fir Dauwe kënnen ze grënnen”.

Episoden