“Et steet een all Dag op an et probéiert een d‘Liewen esou gutt wéi et geet ze meeschteren.”
Bis hir Erkrankungen erkannt goufe si vill Jore vergaangen. Op engem Blind Date ass et hir op eemol ganz schlecht ginn a si ass bal zesummegaangen. Si ass an d‘Klinik gefuer an et gouf en éischte Verdacht op MS. Si war deemools 27 Joer al.
E puer Joer méi spéit koum déi zweet an drëtt Diagnos:
“2019 hat ech en Diagnostik vu Lipödem kritt, dee war relativ wäit fortgeschratt, also ware mir schonn an engem Stadium dräi. Lipödem ass eng Fettverteidungsstéierung, déi haaptsächlech Frae betrëfft. An zwar normalerweis eng vun zéng. Do wiisst d‘Fett einfach ouni Grond op de Been an op der Hëft z. B. onkontrolléiert weider. Dat ass eng geneetesch Krankheet . An do hunn ech erausfonnt, datt se ganz vill Patienten, déi mat Lipödem diagnostizéiert goufen, vum EDS, dem Ehlers-Danlos-Syndrom, betraff sinn. Dat ass eng Maladie rare, eng geneetesch Krankheet, dat bedeit ee vu fënnefdausend Mënschen huet se.”
Wéi ass si mat deenen Diagnosen eens ginn, wat ass an hir virgaangen deemools?
“Also ech war, ech soen déi éischt sechs Méint no der MS-Diagnos, also no der Multiple Sclerose, wéi et offiziell diagnostizéiert gouf, ech war traureg a rose mat der Welt ..., et ass e bëssen ongerecht, also et ass ongerecht krank ze sinn. Awer, vu datt ech och, ech sinn och Psycholog vu Formatioun hier, ech sinn an der Existenzpsychologie ausgebilt an dat passt och zu deem, wéi ech elo haut optrieden, mir hunn alleguer just eng Mortalitéit, déi vu kuerzer Dauer ass an et muss ee sech bewosst sinn, datt alles, wat mir hunn, net fir ëmmer ass. An doduercher huet sech iergendwéi eng Aart Liewenskraaft gebilt.”
Hire Liewensmotto ass: “Datt ech mech all Dag op en Neits fir d’Liewen entscheeden”
“Ech denken déi Astellung kennt och vill duerch meng Liewensastellung - Ech sinn e passionéierten Existenzialist/Humanist vum psychologesche Volet hier, hunn och meng Ausbildung bei der Dr. Emmy van Deurzen gemaach - eng Haaptfigur am Developpement vun der existenzieller Psychotherapie. Ech hoffen, ech ka vill Mënschen an änleche Situatiounen inspiréieren net opzeginn.”