Radioen

On air

Notturno  |  Faye Webster - But Not Kiss

play_arrow Live
arrow_back_ios

Liewensgeschichten

100komma7.lu / Liewensgeschichten

/ Dës Woch am Portrait d'Stéphanie Rosquin

Dës Woch am Portrait d'Stéphanie Rosquin

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dës Woch léiert Dir d’Stéphanie Rosquin kennen.

“Verlooss deng Confortzone an entdeck d‘Welt”, ass hire Liewensmotto.

Sport, Déieren, Medezin, Wëssenschaft a Kanner stinn als Engagement op hirem Schoul- a Liewenswee. Selwer vu Sport begeeschtert, wëllt si och aneren hëllefen hir Ziler ze erreechen, sief dat iwwer Ernärung oder Sport.

"Ouni Sport wier ech net ze hidde gewiescht".

D’Ernärungsberoderin ass reegelméisseg op Besuch an der Emissioun Iwwer Mëtteg, fir d’Serie Bewosst gesond, mëttwochs um 11.30 Auer
Dës Woch awer steet si als Persoun selwer am Fokus, mat hirer Liewensphilosophie, an deem wat hir wichteg ass.

Sophrologie a Philosophie hunn hir Léierjore gepräägt, an de Bléck op eng gesond Entwécklung vum Kand, wat d’Iessen ugeet, sinn hir wichteg. Si ass ëmmer gär am Déngscht vun aneren.

"Ech hunn op der Palliativstatioun fir Erwuessener geschafft a gemierkt, datt ech dat eigentlech gär géif bei Kanner maachen. Ech hunn dunn als Quereinsteiger eng Formatioun beim Bundesverband Kinderhospiz gemaach an der pediatrescher Palliativversorgung an hu meng Ofschlossaarbecht iwwer d’Méiglechkeet vum Opbau vun engem Kanner- a Jugendhospiz zu Lëtzebuerg geschriwwen".

Si huet Formatiounen an der Palliative Care Pediatrie gemaach an elo steet en neie Projet un: den Opbau vun engem Kannerhospiz. Iwwer alles dat erzielt si eis.

Episoden