Gender-Diskussiounen an der EU 26.11.2020 - 07h20 D'EU ass sech net ëmmer eens, wann et drëms geet, wéi ee soll fir méi Chancëgläichheet suergen. Dat hu gëschter verschidden Debaten am Europaparlament gewisen.
Kann d'EU de Veto vu Polen an Ungarn ëmgoen? 25.11.2020 - 07h20 Matten an der Kris blockéieren zwee Länner den europäesche Budget - an domat och den Fonds de Relance. Kann ee si ëmgoen an d'Suen awer deblockéieren?
Europaparlament wëllt streng Krittäre fir Anti-Krise-Fonds 24.11.2020 - 07h20 390 Milliarden Euro sollen aus deem Fonds de Relance a Form vu Subside verdeelt ginn - awer net einfach esou. Den Ament gëtt iwwer d'Krittären diskutéiert.
Léiwer mat der Ketty Thull kachen, wéi fäerdeg Platen iessen 23.11.2020 - 07h20 Mam Label Nutriscore wëlle verschidden europäesch Länner hire Bierger Informatioune ginn iwwer den Inhalt an d'Energie vun de Platen, déi si kafen.
Europa Aktuell 21.11.2020 - 07h20 Och nom virtuelle Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffe blockéiert de Veto vun Ungarn a Polen den EU-Budget an de Plan de relance, bedauert den Olivier Hanrion.
Keen Duerchbroch am Budgetssträit 20.11.2020 - 07h20 Am Sträit iwwer den europäesche Budget gouf et gëschter Owend keen Duerchbroch. Ungarn, Polen an elo och Slowenie blockéiere weider de Finanzpak vun 1,8 Billiounen Euro.
EU: Wirtschaft brauch méi laang wéi erwaart, fir sech ze erhuelen 19.11.2020 - 07h20 Dat stellt d'EU-Kommissioun an hire neiste Projektiounen fest. En Iwwerbléck iwwer deen Tëschebilan, dee gëschter zu Bréissel gezu gouf.
Europa Interview: Valérie Hayer, Europadeputéiert 18.11.2020 - 07h20 Virgëschter hunn Ungarn a Polen annoncéiert, datt si den Accord fir den europäesche Budget blockéieren. Wat elo? En Interview mat der Europadeputéiert vu La République en Marche.
Europaparlament am Lockdown! 17.11.2020 - 07h20 Am Europaparlament soll méiglechst alles online organiséiert ginn, esou den Uerder vu ganz uewen. Mee ass déi parlamentaresch Aarbecht esou iwwerhaapt méiglech?
LGBTIQ Strategie: "Jidderee muss sech selwer kënne sinn" 16.11.2020 - 07h20 Mat der neier Strategie fir d'Gläichstellung vun LGBTIQ Persoune wëllt d'EU Kommissioun d'Diskriminatioun op Grond vu sexueller Orientatioun a Geschlechtsidentitéit bekämpfen.
Europa Aktuell 14.11.2020 - 07h20 An der Europachronik vum Olivier Hanrion geet et ëm een trauregen Anniversaire, nämlech d'Attentater vu Paräis, déi viru fënnef Joer waren.
Europa Aktuell: Den Accord iwwert dee gréisste Finanzpak an der EU-Geschicht: Wat stécht dohannert? 13.11.2020 - 07h20 Des Woch gouf et een Accord tëscht dem EU-Parlament an de Memberlänner iwwert den europäesche Budget. Dobäi wier et gelongen, den Accord a wichtegen Punkten ze verbesseren.
EU-Kommissioun wëll Gesondheets-Agence stäerken 12.11.2020 - 07h20 Aus der Pandemie léieren: EU-Kommissioun wëll Gesondheets-Agence stäerken. Allerdéngs ass hire Spillraum begrenzt.
Europa-Interview: David Mc Allister: D'EU muss méi onofhängeg ginn 11.11.2020 - 07h20 Wat bedeit d'Victoire vum Joe Biden bei den amerikanesche Wahlen fir d'Europäesch Unioun? D'Danièle Weber huet mam David McAllister geschwat.
Méi onofhängeg duerch europäesch Supercomputeren 10.11.2020 - 07h20 D'EU wëll méi onofhängeg vum Ausland ginn, wann et em den Asaz vu Super-Computeren geet. Dofir soll een europäesche Réseau opgebaut ginn.
EU huet Schwieregkeete Beamten ze fannen 09.11.2020 - 07h20 Dat europäescht Amt fir d'Personal ze rekrutéire sollt sech méi op Experte fokusséieren, méi séier astellen a misst eng méi flexibel Institutioun gi seet d'Annemie Turtelboom.
Europa Aktuell 07.11.2020 - 07h20 Dës Woch geet den Olivier Hanrion vun der RTBF a senger Europachronik iwwer den Atlantik kucken a beliicht d'US-Walen an hiren Impakt op Europa.
D'Pandemie-Gestioun bleift eng national Fro 31.10.2020 - 07h20 Bis ewell gesäit et net duerno aus, wéi wann déi zweet Well zu méi europäescher Koordinatioun géif féieren, seet de Sandro Calderon vun der RTBF.
2. Well: méi differenzéiert Approche zum Zoumache vun de Grenzen 30.10.2020 - 07h20 D'EU-Staats- a Regierungscheffen hunn de Point gemaach iwwert déi zweet Well vun der Pandemie. Ass nees domat ze rechnen, datt d'Grenzen zouginn?
Europäesche Mindestloun: "Viru Geriicht goen ass net geplangt" 29.10.2020 - 07h20 Eng Direktiv fir een Europäesche Mindestloun: Ee Projet, bei deem d'Kommissioun sech an engem enke legale Kader beweegt, an deen dowéinst seng Limitten huet.